Froen

Froen an Äntwerten

Um Camp sinn e puer Saache leie bliwwen.

Hei ass eng Lëscht mat der Beschreiwung + Fotoen.

Wann eppes dobäi ass wat dir gehéiert, sollts du dech direkt beim Verbandssekretariat mellen.

Entweder per Mail (sekretariat@lgs.lu) oder per Telefon (+352 26 94 84)

Eigentlech net.
Mir leeën groussen Wäert op Gemeinschaft an dofir och eng gemeinsam Urees op de Camp an Retour op Lëtzebuerg, an och d´Erliewen vun eiser Ufanks- a Schlussvéillée gehéiert zu engem Camp einfach dozou.
Sollt et aus perséinleche Grënn lo awer wierklech net anescht goen, sollt däin responsabele Chef eis kontaktéieren an eis daat matdeelen. Deng Hin- a/oder Réckrees muss dann selwer organiséiert ginn.

Eigentlech net.
Mir leeën groussen Wäert op Gemeinschaft an dofir och eng gemeinsam Urees an Reckrees. Ausserdeem dréis du, trotz dass et sou e groussen Camp ass, d´Responsabilitéit fir deng CaraPio. Wann dir zu genuch Chefs sidd, ass dat keen Problem, wann s du däin Transport selwer arrangéiers an méi spéit ukënns bzw. méi fréih rëm ofrees, mir bieden dech dat eis awer ëmbedengt zaitlech matzedeelen.

Mir erklären dat am Beschten anhand vun engem Beispill.

Mir hunn den Pit, de Pit huet 18 Joer an war 2020 CaraPio an sengem 2. Joer an ass elo Chef bei den Wëllef a sengem Grupp.

De Pit hätt 2020 sollten mat op den Slov‘it goen, leider gouf deen, aus bekannten Grënn, ofgesot. Lo wëllen mir, als Campchefs, dem Pit déi eemoleg Chance bidden den Camp „nozehuelen“, och wann hien net méi CaraPio ass. Lo gëtt et fir de Pit 3 Méiglechkeeten déi hien fir sech AN mat sengem Grupp/Gruppechefs/CaraPiochefs klären muss.

  • Méiglechkeet 1:

De Pit geet als CaraPio mat. Och wann hien wärend dem Joer keen CaraPio méi ass, geet hien wéi en CaraPio am 4. Joer mat op den Camp. Hien huet domat den nämmlecht coolen Programm wéi all déi aner CaraPio, kann all Aktivitéit matmaachen an en absolut coolen Camp, ouni déi Responsabilitéiten erliewen, déi een als Chef sos mol sou huet. Mee och wann de Pit lo volljäreg ass, geet hien bei dëser Variant als CaraPio mat, an muss sech un all d´Reegelen halen, déi och fir déi aner CaraPio gëllen.

  • Méiglechkeet 2:

De Pit geet als Chef vu sengem Grupp mat, och wann de Pit usech keen CaraPio-Chef ass an och keng Formatioun huet, dierf hien hei als Chef mat an huet dann déi nämlecht Responsabilitéiten wéi all Chef um Camp. Hien kann deelweis Aktivitéiten matmaachen, muss awer och zB. mol en Atelier begleeden oder leeden, huet eng Cheffunktioun um Hike asw. Bei dëser Variant kritt de Pit awer dann och en Chef-Bändchen an och Zougang zu Beräicher, wou CaraPio net hi dierfen.

  • Méiglechkeet 3:

De Pit mellt sech am Staff an geet onofhängeg vun sengem Grupp mat, hei huet hien keng klassesch Chef-Roll an ass net bei sengem Grupp a CaraPio dobai, mee huet eng spezifesch Staff-Charge, wéi zB. Infra oder Ravi oder vill méi. Kuck dir dofir den Beräich vun den Staff-Umeldungen un. Dem Pit säin Zelt steet dann och um Staff-Camping, an net bei den CaraPio a Chefs vun sengem Grupp.

D’Campplaz op déi mir ginn heescht Techuana a läit bei Villach an Éisträich.

Si soe vu sech selwer:

Der SCOUTIGSTE Zeltplatz Österreichs
TECHUANA – der Inbegriff eines Sommerlagers für Generationen von Pfadfindern und Pfadfinderinnen.
Ein verschwiegener Platz im Herzen von Kärnten.
Naturbelassen, für die Jugend Europas.
Ein Sommererlebnis wie es sein soll:
abenteuerlich, erlebenswert, mit Lagerfeuer unter südlichen Sternenhimmel. 
Mit Bergen und Seen, mit Wäldern und Wiesen, soweit das Auge reicht.

(Der erste durch SCENES anerkannte Zeltplatz in Österreich)

D’Koordinate sinn: 

46.579609180567175, 13.968573759411507

 

Hei fënns du d’Powerpoint vum Cheftreff: PowerPoint-ChefTreff

 

Den Menü gëtt vun eisem Ravi-Team opgestallt an dir gitt iech ëmmer virum kachen eng Këscht sichen, déi fir ären Grupp zesummegestallt gouf. (All Trupp muss eng Klappkescht matbrengen !) Do ass dann passend, zu der Unzuel vun CaraPio a Chefs an passend zu den Allergien/Intoleranzen/Iessgewuneschten, alles dran wat dir fir ze kachen vum Menü vum Dach braucht.

Idealerweis huelt dir iech selwer nach e puer méi extra Gewürzer mat, wann dir d’Iessen individuell „pimpen“ wëllt. Allergien/Intoleranzen/Iessenswënsch get ären responsabelen Chef bei der Umeldung mat un, an dat gëtt voll a ganz vun eis respektéiert.

Am Fall, wou de Camp komplett ofgesot muss ginn, probéiere mir, wann nëmme méiglech, datt jidderee rembourséiert gëtt.

Fäll wou eenzel Persoune kuerz virum Camp u Corona oder anerem erkranken, an dann net kënne mat op de Camp goen, ginn eenzel gekuckt. Wann nëmme méiglech, probéiere mir en Deel vun de Suen ze rembourséieren.

Wann ee CaraPio/Chef/Staff net mat op den Camp goe kann, well en net konform mat deenen zu deem Zäitpunkt an Éisträich AN a Slowenien gëltegen COVID-Mesuren ass kënne mir näischt rembourséieren. Mir sinn un déi COVID-Mesure gebonnen, déi wärend dem Camp an Éisträich a wärend dem Hike a Slowenien gëllen.

Éisträich ass Héich-Risiko-Gebitt fir eng vun Zecken iwwerdroe Krankheet déi sech FSME nennt (Frühsommer-Meningoenzephalitis). Dofir recommandéiere mir, iech géint FSME ze impfen. Dës Impfung besteet aus 3 Deeler (déi lescht ass ee Joer no där éischter). Wann dës Impfung gewollt ass, géife mir iech bieden ze kucken, datt d‘CaraPio a Chef op mannst 2 Impfungen hannert sech hunn, éiert se mat op de Camp ginn, fir e gudde Schutz ze hunn. 

No der 3. Impfung hällt de Schutz 5 Joer. Wann dir schonn eng Impfung géint FSME hutt, kuckt w.e.g. no ob dës nach aktuell ass. 

Fir, datt mir um Camp gutt „versuergt“ sinn, huet eis 1. Hëllef-Ekipp zwou Lëschte preparéiert. Hei kritt dir eng genau Beschreiwung wat jiddereen a senger perséinlecher 1. Hëllefstrousse mat op de Camp soll huelen a wat an der 1. Hëllefskëscht vun der Trupp muss sinn.

Hei déi zwou Lëschten:

Perséinlech 1. Hëllefstrouss fir CaraPio, Chef a Staff : ZAM-perseinlech-first-aid

1. Hëllefstrouss fir d’Truppen : Zam-Truppen-first-aid

Eis Hirees fir CaraPio a Chef ass mat Reesbusser vun eisem Sponsor Voyages Vandivinit.

Depart ass de 16.Juli owes géint 19h00 (Park&Ride + genau Auerzäiten ginn an engem spéideren Newsletter matgedeelt). Mir fueren d’Nuecht duerch a komme Moies de 17. Juli op eiser Campplaz un.

D’Truppematerial gëtt viraussiichtlech de 14. Juli an e Camion gelueden. Och hei komme weider Informatiounen.

D’CaraPio an d’Chef fueren den 28. Juli owes zréck a kommen de 29. Juli Moies tëscht 8h a 9h zu Lëtzebuerg un.

En Highlight vun eisem Camp gëtt den Hike dee mir an Éistraich an a Slowenien, an de juleschen Alpen, organiséieren. Den Hike um ZAM, dat sinn zwee Deeg trëppele mat liichtem Gepäck en eng Iwwernuechtung an enger Bierghütt.

Ganz nom Konzept vun eisem Camp, datt jiddereen sech säi Programm selwer zesummestelle kann (Newsletter Nr. 1), bidde mir och den Hike a verschiddene Formen an Niveauen un. Et ass fir jiddereen eppes dobäi. ass. D’CaraPio AN d’Chef wielen den Niveau individuell a ginn dann a passend Gruppen zesummegesat.

Et ass WICHTEG, datt jiddereen op sech selwer a säi Kierper lauschter. En Hike an de Bierger erfuerdert Kraaft a Konditioun, et sollt een sech net iwwerschätzen oder en Niveau wielen, just well de beschte Kolleeg deen och gewielt huet. Mir bieden d’Chef déi eenzel Niveaue mat hiere CaraPio ze diskutéieren. Schätzt d’Héischtemeter richteg an.

Bis den 21.02.2022 muss de responsabele Chef um Site fir all CaraPio A Chef den Hike Niveau uginn. Umeldung vun denger Trupp

Mir bidden den Hike an 4 verschidde Schwieregkeetsgraden un.

 

„Relax, Take it easy“ Video

  • pro Dag: 600 HM + 3-5h reng Trëppelzäit + max. 12 km
  • Befestegt Weeër an zimmlech flaach

“Du wëlls éischter eng Topographie vun Holland an der Kuliss vun Eisträich erliewen”

„Here we go“  Video

  • pro Dag: 1000 HM + 4-6h reng Trëppelzäit + max. 18 km
  • Gréistendeels befestegt Weeër

“Du fills dech gutt obwuel’s du net verréckt vill Héichtemeter gemaach hues”

Bring it up“ Video

  • pro Dag: 1500 HM + 6-8 h reng Trëppelzäit
  • Sportlech, aktiv
  • An de Bierger, mir kënnen dech net sichen kommen
  • Fest Schong bis iwwert de Knëchel sinn Flicht.

“Du bass eng gäil Maschinn, mee du probéiers realistesch ze bleiwen”

“Like a Boss“ Video

  • pro Dag: 2000 HM + 7-9h reng Trëppelzäit
  • wierklech sportlech, eiergeizeg, aktiv, Gipfelstürmer
  • An de Bierger, mir kënnen dech net sichenkommen
  • Fest Schong bis iwwert de Knëchel si Flicht.
  • Eventuell mat “gesécherter Passage”* (Eisen Trëtter & Grëffer, am Stil Via Ferrata)

“Du bass déi allergäilste Maschinn an wëlls alles ginn!”

* gesécherte Passage:

Verschidden Hike si matten an de Bierger a sinn dofir net mat engem Auto ze erreechen. Am Fall vun engem méi uergen Accident kënnt an deem Fall den Helikopter. Mir bieden iech dofir am Viraus mat ärer Verécherung ze kucken ob dës fir déi Käschten opkomme oder eventuell eng Zousazversécherung (z.B. CMCM) néideg ass. Mir hoffen natierlech, datt dëse Fall net antrëtt.

Waldseilpark:

Op 2 bis 20 Meter Héicht balancéierst, klëmmst a rutschst du duerch d’Beem. Vu liicht bis schwéier, vu gemittlech bis Nervekitzel – op 9 verschiddene Parcoursen ass fir jiddereen eppes dabäi.

Adventure Golf:

E flotte (Mini-)Golf-Parcours matzen am Bësch. Challenge deng Kolegen op 18 Bunnen a kuck ween de Meeschter am Treffen ass.

Kayak um Séi:

An ärem Kajak léiert dir wéi ee richteg an engem Kajak paddelt an d’Gläichgewiicht net verléiert, dat alles mat lauter spaassegen Übungen op engem Séi an de Bierger. Zäit fir ze Genéisse bleiwt natierlech och.

SUP um Séi:

Ausgerüst mat engem Briet fir drop ze stoen an engem Paddel léiert dir dëse Sport kennen.  Dobäi huet den Trainer flott Challenge fir iech dabäi. An dat alles mat der schéiner Bierglandschaft ëm iech.

Kanu um Floss:

Zu 2 bis 4 fuert dir mat engem Kanu e Floss erof an entdeckt déi flott Emgéigend vum Waasser aus. En eenzegaartegt Naturerliewnis waart op iech.

Elektroboot:

Erlief den türkise Séi mat der schéiner Landschaft honderëm aus dem Elektroboot aus a genéiss d’Liewen um Waasser.

Tretboot:

Mat eegener Beekraaft genéisst du den türkise Séi an der schéiner Bierglandschaft. Dobäi bleiwt och genuch Zäit fir an d’Waasser ze sprangen a puer Ronnen ze schwammen.

Rafting:

Mat engem Schlauchboot a Wëllwaasserausrüstung geet et duerch d‘Wellen a Walze vun engem Gletscherfloss. Fir déi couragéiert ass och e Sprong vun enger Bréck dabäi! 

Mountainbike Ufänger:

Zesumme mat engem Trainer léierst du de Sport vum Mountainbike kennen. Hie weist dir déi wichteg Techniken, an da geet et duerch d’Éisträichesch Wissen a Bëscher.

Mountainbike Fortgeschratt:

Bass du gewinnt Mountainbike ze fueren, a wells dat och Camp maachen: dann ass dat heite genau dat richtegt fir dech. De Guide weist dir déi flotteste Weeër duerch d‘Éisträichesche Bëscher.

Mir siche fir eis Campband CaraPio a Chef déi musikalesch begabt sinn, egal ob Instrument oder Gesang, mell dech bei eis. Zesumme schreiwen mir e Camplidd a waerten dat um Camp mat all de CaraPio a Chef zesummen zelebréieren. Wat méi Leit sech mellen, wat et méi flott gëtt. Do dernieft léiers du scho virum Camp aner Leit kennen déi och mat ginn.

Mell dech elo séier bei eisem Programm Team wann s du weider Froen hues oder Loscht hues bei der Campband matzemaachen: programm@zam2022.lgs.lu

Um Camp mussen och all d’Chef eng Zort vun Atelier ubidden. Um Chefdag hate mir schonn no Iddie gefrot an hu scho verschidden ganz cool Saachen erakritt (vu Bouldern iwwer en Spa-Wellness-Programm ass do scho sou munches dobäi).

Mir bieden déi Chef, déi eng Iddie fir en Atelier hunn deen si um Camp hale kënnen, bis den 21.02.2022 u programm@zam2022.lgs.lu ze schécken. Dat kann alles sinn: Ultimate Frisbee, Bouschéissen, Yoga, Danz-Atelier a villes méi. Der Kreativitéit si keng Grenze gesat. All Chef muss iergendwann um Camp e soueen Atelier betreien. Dat heescht wann dir keng eege Propose eraschéckt, musst dir eventuell en Atelier halen deen iech net esou gutt gefällt.

Och fir d’CaraPio hu mir eng kleng Aufgab:Dir hutt futtis Strëmp? Oder d´Wäschmaschin huet scho rëm eng Strëmp gefriess? Dann haalt déi eenzel oder déi futti onbedéngt, well mir sammelen déi fir en Atelier um Camp. Wat méi Strëmp wat besser.

De Präis vum Camp läit bei 550€. Vill goufe mir gefrot, wéi dëse Präis sech zesummestellt a wëllen dofir eng grob Zesummestellung ginn. Mir kënnen iech bei Froe gäre weider Informatiounen zu eiser Budgetsopstellung ginn.

Transport

(Busrees hin an zreck, sou wéi och Busser sur place fir Aktivitéiten an Hike-Start-Punkten unzefueren, Minibusser a Benzin fir Minibusser (Ravi, 1. Hellef, kleng, spontan Transporter sur place)

Ëm 1/4 vum Präis

Logement / Campplaz inkl. Touristentaxe

Ëm 1/6 vum Präis

Infrastruktur

(Brennholz, Konstruktiounsholz, Material, etc.)

Ëm 1/6 vum Präis

Ravi

Ëm 1/4 vum Präis

Programm (Visite, Action-Activities, Ateliers)

Ca. 1/6 vum Präis

Wann no eisem Camp Suen iwwreg bleiwen, ginn déi un un d’Truppen zréck iwwerweisen.

Den 1. Acompte gouf bezuelt. Heimat deelen mir iech elo schon Datumer vun den nexten Acompte mat.

Am Fall vun enger Ofmeldung kënnen d’Acompten net zréckbezuelt ginn. Wann déi finanziell Lag nom Camp et zouléisst, ginn déi eenzel Fäll nach eng Kéier nei evaluéiert.

 
 

CaraPio

Chef

Staff

1. Acompte (15.01.2021)

150€

150€

100€

2. Acompte (15.03.2022) + BICKER

200€

200€

200€

3. Acompte (06.07.2022)

200€

200€

150€*

* Eng Persoun déi als Staff oder als Chef & Staff mat op de Camp geet an de Bus net mathëlt mee privat dohinner fiert, kritt eng Remise (Aller & Retour privat : 100 € Remise, Aller oder Retour privat : 50 € Remise)

D’Zil vum ZAM 2022 ass et de Präis vum Camp esou déif wéi méiglech ze halen. Well et awer wéinst der aktueller Situatioun eng Rei Inconnue gëtt, si mir och op är kollektiv Hëllef ugewisen.

D’Aktioun “ZAM (=zesummen) Bicker verkafen” ass lancéiert! Mee wat heescht dat konkret?

ALL CaraPio an ALL Chef, deen net Deel vum Staff ass, muss mindestens 10 Bicker mat eisem Logo vum Camp drop (komplett aus recycléiertem Plastik) fir 2 Euro/Bic verkafen. Wann de Noper/d’Tatta/de Monni/asw. méi wéi 2 Euro fir e Bic gëtt sinn déi Suen fir an är eegen Truppekeess.

Gären dierft dir awer och méi wéi déi 10 Bicker/Persoun verkafen! Wat méi Bicker verkaf ginn, wat de Gesamtpräis vum Camp méi erofgedréckt ka ginn.

Bis den 21.02.2022 kann de responsable Chef hei zousetzlech Bicker bestellen: Bicker bestellen

Mam 2. Acompte (15. Mäerz) ginn déi bestallte Bicker dann automatesch mat verrechent. D’Truppen déi keng zousätzlech Bicker bestallt hunn, kréien dann nëmmen déi 10 Bicker pro ugemellte Persoun (CaraPio a Chef) verrechent.

Mir informéieren de Responsabele Chef esoubal d’Bicker do sinn (Ufank Abrëll)

Mir bieden d‘CaraPio déi Bicker net un hier Elteren, oder déi jeeneg ze verkafen, déi och schon hire Camp bezuelen.