ZAM 2022 – Bilan

Léif CaraPio, Chef a Staff,

de Bilan ass e wichtegen Deel vun der Guiden- a Scoutsmethod. Hei huet jiddereen d’Méiglechkeet seng Erfarunge mat deenen aneren ze deelen an ze léieren, konstruktiv Kritik ze äusseren a Verbesserungsvirschléi ze maachen.

Op dëser Säit fënns du dofir verschidde Froen fir de Bilan vum ZAM 2022. Och wann nëmmen e puer Felder als obligatoresch (*) markéiert sinn, wiere mir frou, wanns du dir déi néideg Zäit hëlls fir de Bilan esou komplett wéi méiglech auszefëllen. Nëmmen esou ass et méiglech bei deenen nächste Projeten vun den LGS op déi eenzel Punkten anzegoen.

Villmools Merci

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Julie a Basile, zesumme mam ganzen ZAM 2022 Staff.